Scheckiwwerreechung zu Wormer

 

De Kulturveräin Wormer a.s.b.l., zesumme mat sämtleche Wormer Veräiner an dem Domaine Alice Hartmann, hu vum Erléis vum Bréckefest a Chrëschtmaart an der Rieslingsgemeng en Don vun 3’000€ un d’Fondatioun vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse gespent.

Déi offiziell Scheckiwwerreechung war den 21. Mäerz 2018 zu Wormeldange am Domaine Alice Hartmann.

Dëse wäertvollen Don geet un d’Sozialhëllef hei am Land. Am Numm vun der Fondatioun a vun all hire Beneficiaire, soe mir e grousse Merci fir déi generéis Ënnerstëtzung!

Remise de chèque du 21.03.2018 – Wormeldange