15 Tablette fir digital Inklusioun

 

Zënter dem Ufank vun der COVID-19-Kris, ass d’Fondatioun vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse hirer Missioun trei bliwwen an engagéiert sech weiderhin hei zu Lëtzebuerg fir Leit deenen et net esou gutt geet.

Als Deel vun dëse Moossname konnt d’Fondatioun, dank der Generositéit vun HIFI International, 15 Tablette recoltéiere fir se u verschidde Partner weider ze verdeelen, dorënner d’Fondation Maison de la Porte Ouverte, d’ASTI an de SCAP.

D’Zil ass et den digitalen Zougang fir Kanner ze erliichteren, déi net dat néidegt Material hunn fir kënnen op Distanz um Online-Unterrecht deelzehuelen oder de Kontakt mat hire Familljen a Klassekomeroden ze halen.

Zousätzlech huet d’Fondatioun vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse decidéiert d’A.s.bl Digital Inclusion mat engem finanzielle Bäitrag ze ënnerstëtzen. Mat dësem Don kann d’Associatioun déi aussergewéinlech Käschten decken, déi duerch déi erhéichten Nofro entstinn, an esou weiderhin hire Beneficiairen de Zougang zu digitale Medien erméiglechen. Wieder Informatiounen iwwert d’Aarbecht vun der A.s.b.l. Digital Inclusion fannt dir op http://digital-inclusion.lu/.

Weider Infoen zu eisen Aktivitéiten fannt dir op eiser Facebook-Säit :

 https://www.facebook.com/FondationGrandDucale