Scheckiwwerreechung un d’Caritas Lëtzebuerg

 

Duerch d’Generositéit vun all deenen, déi fir d’Gebuert vum Prënz Charel en Don gemaach haten, konnten den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin ë.a. en Hëllefsprojet fir Kanner am Südsudan ënnerstëtzen, dee vu Caritas Lëtzebuerg realiséiert gëtt.

 

(c) Cour grand-ducale / Sophie Margue

Haut leide méi wéi eng Millioun Kanner un akuter Ënnerernierung an dësem Land wou all zéngt Kand ënnert dem Alter vu 5 Joer stierft; eng alarmant Situatioun déi duerch d’Corona-Kris nach weider verschlëmmert gouf.

Gëschter hunn de Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie de Siège vun der Caritas besicht a bei dëser Geleeënheet der Mme Marie-Josée Jacobs, Präsidentin vu Caritas Lëtzebuerg, e Scheck iwwerreecht.