D’Stëftung

Solidaritéit, Integratioun a Respekt vun der Dignitéit vum Mënsch sinn déi dräi Grondprinzipien, déi d’„Fondation du Grand-Duc Henri et de la Grande-Duchesse Maria Teresa” bei hiren Aktiounen leeden.
D’Stëftung ass am Joer 2004 entstanen aus der Fusioun vun der „Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse“ an der „Fondation Prince Henri – Princesse Maria Teresa“. 1981 bei Geleeënheet vun der Hochzäit vun der jonker Koppel gegrënnt, huet sech d’„Fondation Prince Henri – Princesse Maria Teresa” besonnesch fir Persounen mat spezifesche Besoinen agesat, fir hinnen d’Integratioun an d’Gesellschaft z’erliichteren.
Am Kader vum Trounwiessel gouf 2001 eng nei Stëftung an d’Liewen geruff: d’„Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse“. Dës Fondatioun huet hir Aktivitéiten erweidert a sech d’Missioun ginn, Persounen a grousse finanzielle Schwieregkeeten zu Lëtzebuerg an an défavoriséierte Regiounen an der Welt z’ënnerstëtzen. Duerch d’Fusioun vun deenen zwou Stëftungen am Joer 2004 gouf et méiglech, mat gréisserem Asaz a méi Efficacitéit um Terrain zu Gonschte vun de Leit a Nout ze schaffen.

 

Fir weider Informatiounen, kuckt eisen Dépliant.

 

Dir kënnt d’Aktivitéiten vun der „Fondation du Grand-Duc Henri et de la Grande-Duchesse Maria Teresa“ ënnerstëtzen duerch en Don op de Kont:

CCPL LU33 1111 0001 6669 0000

Wann Dir eng bestëmmten Aktioun ënnerstëtze wëllt, gidd w.e.gl. eng vun dëse Mentiounen un:
    • Sozial Hëllef – Lëtzebuerg
    • Hëllef fir Persounen mat enger physescher oder psychescher Behënnerung – Lëtzebuerg
    • Projet de la Main Tendue à l’enfance – Burundi
D’Donen kënnen am gesetzleche Kader steierlech ofgesat

Kontakt:

Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse
8, an der Sang
L-7739 Colmar-Berg
Tel.
++352-317031-1
Email:
 info@fondation-grand-ducale.lu